CLEAN-UP DAY 2020
Fédération Luxembourgeoise d'Escalade, de Randonnée Sportive et d'Alpinisme (FLERA), hier 13 affiliéiert Klammklibb, zesumme mat der Gemeng Bäerdref, dem Natur- & Geopark Mëllerdall hunn den 19.09.2020 op de CLEAN-UP DAY op Berdorf an d Wanterbaach invitéiert.
Event: den drëtte Weekend am September ass all Joer weltwäite Clean-Up Day. D'FLERA notzt lo am drëtte Joer hannerteneen déi Geleeënheet, fir den zur Zäit nach eenzege Klammsite am Lëtzebuerger Land ze botzen. Net nëmmen den Dreck gëtt opgeraf mee och d Klammfielse genannt "Wanterbaach" gi gebotzt.
D'Ziel war net nëmmen d'Botze vum Site, mee virun allem d Sensibiliséierung vun de ville Klëmmer aus dem In- an Ausland.
Nodeems klamme vu Mäerz un bis den 11. Mee wéinst der Ausnamesituatioun verbuede war huet de beléifte Klammsite dono rëm d Leit aus dem europäeschen Ëmland ugezunn.
Den Dag ass och genotzt gi fir déi al Informatiounspanneauen ze demontéieren. Di nei Panneauen sinn an Zesummenaarbecht mat der Forstverwaltung, COPIL an dem ORT-Mullerthal ausgeschafft ginn.
Besonnesch begréissenswäert war de Besuch vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, dem Buergermeeschter vun der Gemeng Bäerdref Joe Nilles an dem Präsident vum ORT-Mullerthal Christophe Origer den Wee an d'Wanterbaach fonnt hunn.